Den Schülercomité presentéiert seng éischt Pride Week. Vum 11. Februar bis den 14. Februar soll sech an eisem Lycée alles em d'Thema LGBTQ+ dréinen.
Dofir organiséieren mer den Méinden, den 11. Februar eng Table Ronde um 14:30 am Festsall, wou mer driwwer diskutéieren wäerten, an wéi fern LGBTQ an eiser Gesellschaft vertrueden ass.
Den 12. Februar ass dann Owes um 18:30 een Vernissage, wou mer Fotoen ausstellen zum Thema LGBTQ. (Fir Snacks an Gedrénks ass do och gesuergt)
Mer lueden esou wuel jëtzeg Schüler an Proffen an och ancien Proffen an Schüler, Famill an Bekannter an, un eiser Table Ronde deelzehuelen oder op den Vernissage ze kommen.
Ausserdeem géifen mer eis freeën wann déi Woch jiddereen seng faarwegst Kleeder auspäckt fir mat eis zesummen eis Pride Week ze feieren.
Ären Schülercomité LHCE