top of page

Iwwert eis:

 
WAT ASS DE „SCHÜLERCOMITÉ“?
  • De Schülercomité ass d’Stëmm vun de Schüler. Mer vertrieden de Schüler hier Meenung virun der Direktioun, dem Proffecomité an dem Elterecomité. Mer sinn den direkten Uspriechpartner fir d’Schüler an stinn ärch zur Säit wann der Froen hutt oder soss Problemer an der Schoul optauchen. Der kennt eis är Iddien fir Verbesserungsvirschléi oder aner Aktiounen eranreegen an mer probéieren déi dann ëmsetzen.

  • D’Ziel vum Schülercomité ass et d’Rechter vun den Schüler ze verdeedegen an Problemer déi eis als Schüler betreffen unzegoen an probéieren ze léisen. Dofir hunn mer ëmmer en oppent Ouer fir all d'Schüler aus dem LHCE.

  • Mer organiséieren och all Joer verschidden Aktiounen, wéi z.B. Halloweens-, Kleeseschers- Valentinedags- an Ouerschteraktioun, an zum Schluss vum Joer och d'Schoulfest.

AUS WEM SETZT SECH DE SCHÜLERCOMITÉ ZESUMMEN?
  • De Schülercomité ass eng Grupp vu Schüler aus dem Lycée, déi sech reegelméisseg treffe fir iwwert déi neisten Themen a Problemer ze schwätzen. De Schülercomité gëtt all zwee Joer nei vun de Schüler gewielt.

sc_17_18.jpg
bottom of page